Dir kënnt gratis den Zougang zu BILnet ufroen, duerch :
Den transaktionelle Site vu BILnet ass net als responsive Design konzipéiert, säin Inhalt passt sech der Gréisst vum Bildschierm vun Ärem Gerät un. Et erméiglecht Iech, all déi ugebuede Funktioune mat deem selwechte Confort an der selwechter Sécherheet vun eisem Internet banking ze benotzen, vun engem Computer, engem Smartphone oder engem Tablet aus, Apple oder Android.
Et muss näischt Extraes gemaach ginn, ausser beim Smartphone, fir deen Dir d’BILnet Mobile Applikatioun am Store vun Ärem Apple- oder Android-Gerät erofluede musst. D’BILnet Mobile Applikatioun bitt tatsächlech en Navigatiounsconfort, dee perfekt un Äert mobilt Gerät ugepasst ass, ausserdeem ëmfaasst se en exklusive séieren Zougang zu QuickBanking™.
BILnet ass de komplettesten Internet banking, deen et gëtt.
Hei e Beispill :
Bezuelungen
Et gi verschidden Ursaache fir Problemer mat der Verbindung :
De BILnet-Site ass en zertifiéierten Internetsite: bei der éischter Verbindung schéckt d'BIL en Zertifikat un Äre Browser. Dir musst ëmmer den entspriechenden Zertifikat bei der Verbindung mat eisem Site akzeptéieren Wann dat net de Fall ass, ass eng Verbindung net méiglech.
Aus Sécherheetsgrënn gitt Dir no e puer inaktive Minutten um BILnet-Site automatesch ausgeloggt. An dësem Fall kritt Dir eng Noriicht an Dir musst Iech nach eng Kéier identifizéiere mam Login Button.
D'Feelernoriicht DTC (Double tentative de connection – Duebele Verbindungsversuch) kann zwou Ursaachen hunn :
1. Eng Verbindung gouf op deem selwechte Kont hirgestallt oder op deem selwechte Computer an der hallwer Stonn virdrun an dës Verbindung gouf net mam Button Logout op eisem Site zougemaach.
2. De Computer akzeptéiert keng Cookies, fir dat ze änneren, geet et duer d'Cookies vu BIL um Computer ze autoriséieren. Et muss een d'Adresse www.bil.lu als Site definéieren, dee Cookies benotzen dierf.
Kontaktéiert w.e.g. d'Technik-Hotline (+352 4590 4590) all Schaffdeeg vun 08:30 bis 18:00. Dir kënnt Äre BILnet-Zougang och direkt mam Menü Perséinleche Beräich spären, wann Dir an Ärem Internet Banking ageloggt sidd.
Wann Dir eng Verbindung duerch LuxTrust benotzt, kënnt Dir Äre Produit bei LuxTrust spären (+352 24 550 550).
Fir dës Grafike brauch een en JAVA-Applet. Fir verschidde Browser ass d'Uweisen net méiglech. Kuckt op der Tabell beim Tab Technesch Viraussetzungen.
Dofir brauch een d'Software Acrobat Reader. Dir kënnt se gratis op Ären Harddisk eroflueden. Kuckt op der Tabell beim Tab Technesch Viraussetzungen. Klickt dann nach eng Kéier op de PDF-Fichier an der Annex an e geet automatesch op.
Fir en optimalt Fonctionnement ze sécheren, benotzt BILnet Cookies fir de Site ze späicheren an ze personaliséieren, no verschiddene Parametere vum Client, wéi d'Sprooch, déi benotzt gëtt. An dëse Cookies ass keng sensibel Donnée. Trotzdem kann et duerch d'Funktiounsweis vun de Browsere virkommen, datt emol Säite vum Site op Ärem Computer stockéiert an historiséiert ginn. Aus Sécherheetsgrënn rode mir Iech no all Verbindung mam BILnet iwwer déi entspriechend Funktioune vun Ärem Browser, déi temporär Fichieren, déi erstallt goufen, ze läschen. Clôturéiert w.e.g. och Är Verbindung mam Button "Exit" a maacht all d'Fënstere vun Ären Browser zou, dat schléisst all Méiglechkeet aus, datt eng Drëttpersoun, déi Zougang zu Ärem Computer hätt, Zougang zu Äre Konten kritt.
Als BILnet Client profitéiert Dir :
Dir kënnt online Transaktioune mat folgende Bourse maachen: Euronext Paräis, Bréissel an Amsterdam esou wéi Kopenhagen, Stockholm, Xetra, Nyse, Amex an Nasdaq, London, an Zürich.
Éischte Fall:
Dir hutt nach kee Wäertpabeier-Dossier a gitt net als MiFID-Client consideréiert. Kontaktéiert Äre Clientsberoder iwwer Telefon oder geséchert Messagerie, fir datt deen Är perséinlech Donnéeën ännere kann. Wann Är Donnéeë bis aktualiséiert sinn, kënnt Dir mam BILnet Äre Wäertpabeier-Dossier opmaachen an direkt doriwwer verfügen. Fir dat ze maachen, gitt w.e.g. op de Menü Transaktiounen, selektionéiert de Link E Wäertpabeier-Kont opmaachen.
Zweete Fall:
Dir hutt nach kee Wäertpabeier-Dossier an Dir gitt als MiFID-Client consideréiert, da kënnt Dir mat BILnet online een opmaachen. Fir dat ze maachen, gitt w.e.g. op de Menü Transaktiounen, selektionéiert de Link E Wäertpabeier-Kont opmaachen.
Drëtte Fall:
Dir hutt e Wäertpabeier-Dossier a gitt als MiFID-Client consideréiert. Kontaktéiert w.e.g. d'Technik-Hotline (+352 4590 4590) all Schaffdag vun 08:30 bis 18:00 fir ze iwwerpréiwen op Dir eng Transaktioun op dës Aktie maache kënnt oder net.